Rasch(t)Auer

20.10.2017

20 octobre 19h30: la quatrième édition de l’ »Uucht » au Musée Rural et Artisanal Rasch(t)Auer: Eng Liesung mam Roland Harsch

De Roland Harsch gouf 1951 zu Lëtzebuerg gebuer.
Hien huet Germanistik an Anglistik studéiert
a wor Professer zulescht am Jongelycée an der Stad.
Hie krut, nieft aneren Auszeechnungen, 2001 de "Prix Servais"
fir säi Buch Laub und Nadel
an 2015 de "Lëtzebuerger Buchpräis" fir Rasch(t)auer.
An deem Buch wat am Mëttelpunkt vun dësem Owend steet,
beschreift de Roland Harsch
op seng gewinnt amüsant a geeschtvoll Manéier
déi verschidde Facette vun der Zäit
a luet zum Haltmaachen, op send Rascht-Auer an -
de Géigendeel vun der "Rush-hour", der Hektik vum Alldag.