Vill Kaméidi fir näischt? Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

21.10.2022

Vill Kaméidi fir näischt?

Eng wëllromantesch kabarettistesch Liesung vun a mam Roland Meyer

Et si schaardeg Zäiten an d'Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d'Rief laanscht d'Mousel verdiert, d'Sauer duerch d'Fielse just nach rënnt an d'Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d'Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
Apropos top, wéi steet et eigentlech mat eiser Sproch a wat geschitt, wann alles weider alt méi deier gëtt?
De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass. An ... hat dee groussen engleschen Dichter dann elo Recht oder net?


Save the date!
Reservatiounen : contact@musee-rural.lu / Tel. 516999